Rock d’Spigelzelt

Lade Veranstaltungen

19.15 Auer – Zero Point Five

D’Musek vu Zero Point Five ass eng Kombinatioun aus Folk, Pop a Country. No de sëllechen Optrëtter an Europa huet d’Band och am Hard Rock Cafe zu Honolulu den Dag vum Superbowl 2014 gespillt. D’Multiinstrumentalitéit vun de Muséker féiert dozou, dass si hire Sound kënne beräicheren andeems si Instrumenter ewéi de Banjo, d’Lapsteel-Gitarr, den Kontrabass, d’Gei and d’Ukulele mat afléisse loossen. Hire neien Album Southbound huet e neien, modernen pop/ country Touch. Déi éischt zwou Auskopplungen Honolulu a Sing Along erweisen sech als groussen Erfolleg an der nationaler Radiowelt.

 www.facebook.com/zeropoint5music/

20.30 Auer – Dead Sinners

No hirer leschter Tour am Oktober 2016 an England, deemools nach ënnert dem Numm Porn Queen, huet de Grupp decidéiert hire Numm ze änneren fir e neien Ulaf ze huelen. Ënnert hirem eemolegen Numm huet de Grupp, deen 2010 gegrënnt gouf, hiren Héichpunkt erreecht, wéi se zesumme mat Slash (Guns n ‘Roses / Velvet Revolver), Deep Purple, Duff McKagan’s Loaded, Steve Lukather, Richie Kotzen an aneren gespillt hunn. Dead Sinners symboliséiert den Ufank vun enger neier Ära, gezeechent duerch méi räif Kompositiounen. De Stil vun hirer Musek huet sech geännert a geet elo méi an d’Richtung Blues/Stoner-Rock. Hiren éischten Album Fire ass am Mee 2017 erauskomm. Fënnef vun hiren neien Titelen goufen op der Release an der Rockhal vum Mike Butcher (Black Sabbath, Rod Stewart, The Kinks) gemixt.

 www.facebook.com/DeadSinners

22.30 Auer – Kitshickers

D’Kitshickers goufen 1997 zu Lëtzebuerg gegrënnt. Wat Ufanks als Grunge-Quartet entstanen ass, huet sech iwwert d’Joren ( a mat engem Line-Up-Wiessel an der Rhythmussektion 2005) zu enger Referenz an der Regioun entwéckelt, wann et ëm aggressiv klengenden Post-Rock, post-apocalytischen, metalleschen an zäitweis esouguer doomeschen Progressive Rock geet. Vu Konzeptalben iwwer Konzeptconcerten, vun der klenger Spelunk bis hin zu groussen Open-Air-Bühnen: déi véier Museker spille gäre mat de Sënner vun de Nolauschterer. Véier Museker? Dat stëmmt net ganz, well säit 2016 touren d’Kitshickers zur Ofwiesslung emol erëm mat engem Sänger. Eng ganz Rei Touren a sechs Alben beweisen, dass d’Band et versteet, hir Nolauschterer mat op eng Rees ze huelen, well si huet eppes ze erzielen an dat mécht se ‘himmelhochjauchzend und zu Tode betrübt’. Wéi an engem David Lynch Film spillt sech den Zeenario vum Liewen op der Bühn bei de Kitshickers of.

 www.kitshickers.org

23.00 Auer – Toxkäpp

Déi gréisste Ska-Band aus dem klenge Lëtzebuerg. En aacht-käppege Grupp, deen 1995 gegrënnt a vun der britescher Two-Tone-Ära aus de 70er an 80er Jore gepräägt gouf. Bekannt als Pionéier vun der Lëtzebuerger Ska-Musek sangen si hier Lidder op Lëtzebuergesch a bréngen net nëmmen op nationale Bühnen d’Nolauschterer dozou, op hire melodesche Sound ze skanken. Si stounge schon nieft Madness, The Slackers, The Toasters, Bim Skala Bim, Ska P, The Aggrolites, Skarface, The Planet Smashers, Dr. Ring Ding, Mark Foggo, The Business, Seeed a villen aneren um Line-up.

 www.facebook.com/toxkapp/

Entrée : gratis!

19h15 – Zero Point Five

La musique du groupe Zero Point Five est un mix de folk, pop et country. Après de nombreux concerts en Europe, le groupe a joué un concert au Hard Rock Cafe de Honolulu, le jour du Super Bowl 2014. Etant de talentueux multi-instrumentistes, les musiciens de Zero Point Five ont enrichi leur panoplie d’instruments en ajoutant le banjo, le lap-steel, la contrebasse, le violon et, bien entendu, l’ukulele. Leur nouvel opus, l’EP Southbound aux sonorités pop country combine le pop rock classique européen avec une touche de mélancolie hawaïenne, le tout pimenté du rythme envoûtant du country.

 www.facebook.com/zeropoint5music/

20h30 – Dead Sinners

Après la dernière tournée en Angleterre en mois d’Octobre 2016, encore sous le nom de Porn Queen, le groupe a décidé de changer leur nom afin de pouvoir déclencher leur redémarrage. Le couronnement de leur carrière a été en année 2010, encore sur le nom de Porn Queen, en jouant des concerts à côté des artistes comme Slash (Guns n ‘Roses / Velvet Revolver), Deep Purple, Duff McKagan’s Loaded, Steve Lukather, Richie Kotzen et beaucoup d’autres artistes. Dead Sinners symbolise le début d’une nouvelle ère avec des compositions plus mature bâsé sur un style de musique plutôt Blues/Stoner-Rock. Leur premier album, sous leur nouveau nom, intitulé ‘Fire’, a été sorti en mai 2017 avec un concert de présentation à la Rockhal. Cinq titres de l’album ont été mixés par Mike Butcher (Black Sabbath, Rod Stewart, The Kinks)

 www.facebook.com/DeadSinners/

22h30 – Kitshickers

Le groupe Kitshickers a été fondé en 1997, dans la capitale du Grand-Duché du Luxembourg. Ce qui a commencé comme quator grunge a evolué au fil des années en styles de musique progressive rock, métal, post-rock et post-apocalyptique. Leurs concerts font sensations fortes auprès des spectateurs: projections, jeu de lumières et pas une seule seconde sans musique. Comme la vie, leur musique est marquée par des hauts et des bas. Six albums et plusieurs tournées en Europe confirment leur vocation à vous emmener dans leur galaxie. Avec la venue de Yann Dalscheid en tant que chanteur un changement a de nouveau eu lieu en 2016.

 www.kitshickers.org

23h00 – Toxkäpp

Le plus grand groupe SKA du petit Luxembourg: huit musiciens, fondé en 1995 et influencé par l’ère Two-Tone brittonique des années 70 et 80. Ils sont connus commes pionniers du ska luxembourgeois. Avec leur musique mélodique et leurs textes en luxembourgeois, le groupe fait skanker le public national et international. Il a déjà joué des concerts à côté des artistes comme Madness, The Slackers, The Toasters, Bim Skala Bim, Ska P, The Aggrolites, Skarface, The Planet Smashers, Dr. Ring Ding, Mark Foggo, The Business, Seeed et d’autres artistes.

 www.facebook.com/toxkapp/

Entrée: gratuite!